Wéinst der Corona Kris sinn eis IQ Tester vir elo mol ofgesot. Esoubal mer erëm plange kënnen ginn déi nei Datumer hei ugewisen.

Dësen IQ-Test ass fir Kanner vu 6,5 Joer bis 9,5 Joer; Kanner ab 9 Joer kënnen beim regulären Mensa IQ-Test, deen och fir Erwuessener ass, matmaachen.

Mensa Lëtzebuerg organiséiert regelméisseg tëschent 10 an 12 Auer (je no Altersgrupp) en IQ-Test fir Kanner zu Lëtzebuerg, 35 rue de Bonnevoie.

Fir d'Kanner unzemellen, liest w.e.g. den Abschnitt "Aschreiwung" am Haaptartikel. D'Umeldung ass fir de Kannertest obligatoresch.

Wann dir trotzdeem nach Froen hutt: mensakids@mensa.lu oder Telefon/SMS: 691 800 665 (Méindes bis Donneschdes vun 10-20 Auer, d'Nummer ass nëmme sporadesch besat).